
Iwwert eis
Eis Crèche «Am Holzhaus» ass eng Plaatz wou d'Wuelbefannen vum Kand op éischter Plaatz steet. Mir betreien all Kand am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer an engem gemittlechen a familiären Kader an et läit eis um Häerz eis Elteren an den Alldag mat an ze bezéien.
—
Mir sinn d'ganz Joer vun Méindes bis Freides, vun 6h30–19h op
(ausser d'Feierdeeg).Bei eis kënnen d'Kanner spillen a grouss ginn a véier groussen an hellen Gruppenraim, déi ganz op hir Bedürfnisser an déi verschidden Altersklassen ageriicht sinn. Mir hunn e groussen Gaart fir ze spillen an ze entdecken, an eis Kanéngercher freeën sech all Dag op de Besuch vun de Kanner.
Mir kréien all Dag frësch an oofwiesslungsräich vum Restaurant "A Robbesscheier" gekacht, och fir eis allerklengst. De Biobus versuergt eis all Woch mat frëschem Uebst, Mëllech an Biojoghurt.
3x d'Woch liwert eng kleng Bäckerei eis frëscht Brout, Bréidecher a Croissanten!
Eis Crèche entsprécht den aktuellen Sécherheetsnormen vun der ITM an mir hunn den Agrément vum Familljeministère. Mir schaffen mat den Chèque-Servicen an mat der Gratis Betreiung vun 20h / Woch.

Aktivitéiten
Mir proposéieren all Dag flott an pedagogesch Aktivitéiten wéi z.B.:
› molen a bastelen
› Musik
› Fraïspill
› spadséieren goen
› eis Klengdéiere versuergen
› kachen a baken
› Gesellschaftsspiller
› Bicher kucken
› spillen a buddelen an eisem groussen Gaart
› Relaxatioun
› Ausflich (schwammen, Airtramp..)
› Besuch um Ponyhaff


Aschreiwen
Mir bidden Iech verschidden Aschreiwungsméiglechkeeten un:
Ganzdags 6h30–19h
oder
6h30–12h / 12–14h (mat Mëttegiessen) / 14–19h
Ab dem 1ten Geburtsdaag 20Gratis Stonnen/Woch fir all Kand!
D'Kand muss minimum 2 Plagen pro Woch beleeën, z. B. Dënschdes 6h30–12h an Freides 14–19h. Déi verschidden Plagen kënnen natierlech och mateneen kombinéiert ginn, wéi z. B. 6h30–14h oder 12–19h

Equipe

Berni Hallé
chargée de direction
-
éducatrice diplômée
-
Cooldown Trainerin
-
Reittherapeutin
-
40h/Woch

Angélique Lemaire
chargée adjointe
-
éducatrice diplômée
-
Cooldown Trainerin
-
40h/Woch

Laura Zorzi
Auxiliaire de vie
-
40h/Woch
Anna Pankert
éducatrice diplômée
-
30h/Woch

Tiffany Peters
éducatrice diplômée
-
40h/Woch


Jana Dhur
éducatrice diplômée
-
40h/Woch

Vera Sironval
aide-éducatrice
-
20h/Woch & Remplaçante

Vera Couturier
puéricultrice
-
20h/Woch & Remplaçante

Susi Nussbaum
aide socio-familiale
-
30h/Woch

Liv Keller
éducatrice diplômée
-
30h/Woch

Noemie Bretz
auxiliaire de vie
-
25h/Woch

Natasha Bekiri
aide-éducatrice
-
25h/Woch
Elisa Brüls
éducatrice diplômée
-
40h/Woch

Kontaktéiert eis
Fir all weider Infos, Froen oder eng Aschreiwung:
rufft eis un oder schreift eis! Mir freeën eis Iech d'Crèche ze weisen an eis Aarbecht ze erklären
Crèche Am Holzhaus
6, Schoulbierg, 9767 Pintsch
Tel: 26 903 686
GSM: 691 444 106
Fax: 26904931