top of page
Presentatioun vun der Crèche am Holzhaus

 

Am Oktober 2015 hun mir eis Diiren opgemeet.

Wéi den Numm et seet, as d’Crèche ganz aus Holz gebaut, an soumat kënnen d’Kanner an engem gesonden, gemitlechen a kannergerechtem Ëmfeld spillen a grouss gin. Déi hell a frëndlech ageriichten Gruppenreim sollen de Kanner d’Méiglechkeet gin an hirem Rhythmus an an hirer Individualitéit gefördert ze gin an sech wuel ze fillen bei eis.

 

Als Equipe as et eis wichteg, eng häerzlech a familiär Atmosphär fir d’Kanner ze schaafen. D’Crèche soll eng Plaatz sen wou si sech, an aner Kanner erliewen, wou si spillen an toben kënnen an hir gemeinsam Grenzen ertaaschten. D’Kanner sollen sech wuel a gebuergen bei eis fillen an hir Selbsstännegkeet, hirt Selbstvertrauen an hir sozial Kompetenzen erliewen an entwëckelen kënnen.

E ganz wichtegen Punkt an eiser Aarbecht as et e gudde Kontakt zu den Elteren ze schätzen. Den Zesummenhalt zwëscht Famill an Crèche erméiglecht dem Kand saïn Emfeld ouni Angscht ze entdecken an et ze stärken fir seng Zukunft.

Een wichtegen Bestanddeel vun der Kandheet ass d’Fraïspill dobaussen an der frëscher Loft, wou all Kand sech fraï entfaalen a villes entdecken kann. Mir leen dofir vill Wert op d’Spillen an eiser grousser Spillwiss, d’buddelen an eisem Geméis- a Blummengaart an d’versuergen a verwinnen vun eisen Klengdéieren.

 

All dës Beraïcher sinn wertvoll fir eng gesond a positiv Entwëcklung vum Klengkand.

IMG_2783.jpeg
„ Der junge Mensch braucht seinesgleichen- nämlich Tiere,
überhaupt elementares, Wasser, Dreck, Büsche, Spielraum...
Man kann ihn auch ohne das alles aufwachsen lassen, mit Teppichen, Stofftieren oder auch auf asphaltierten Strassen und Höfen.
Er überlebt es, doch soll man sich nicht wundern, wenn er bestimmte soziale Grundleistungen nicht mehr erlernt.“
 
Alexander Mitscherlich (Psychotherapeut)
Beschreiwung an Opdeelung vun de Gruppen

 

 

D’Crèche as opgedeelt a 4 Guppenreim déi individuell op d’Bedürfnisser vun deenen verschiddenen Altersgruppen ageriicht an geplangt sen. D’Kanner gin ganz individuel gekuckt an wiesselen de Grupp net onbedingt wann de passenden Alter erreecht as, mee wann si prett sen an hirer Perséinlechkeet!

IMG_5669.jpeg

Grupp 1:

Bei de Raupen (2–15 Méint)
Plaatzen: 11

Eis Bebéen hun hiren Gruppenraum um 1sten Stack wou si déi néideg Rou an engem hellen groussen Raum fannen deen ganz op hir Bedürfnisser geplangt an ageriicht as. Niewt 3 Schloofzëmmeren huet de Raum och en direkten Zougang zum Buedzëmmer wou vill Wert op Hygiène a Wuelbefannen geluet get. Dës weideren as de Raum mat enger eegener Kitchenette versin, wou d’Fläschen frësch préparéiert gin an d'Bio Uebst püréiert get fir nomëttes. All Mëtteg kréien d’Bebéen frëschen Geméispuree gekacht niewt dem normalen Menu fir all Grupp.

Grupp 2:

Am Spatzennascht (15–25 Méint)
Plaatzen: 10

 

Um éischte Stack geleen, huet dësen Grupp och en direkten Zougang zum Buedzëmmer an niewt dem groussen Gruppenraum nach en eenzelen Raum deen ganz no de Bedürfnisser vun de Kanner genotzt kann gin als Spill- wéi och als Schloofraum oder fir méi kleng Aktivitéiten. Am groussen Gruppenraum hun mir eng gemitlech Sinneshöhle ageriicht wou d’Kanner sech am Alldaag kënnen zrëckzéihen, wou e Buch gekuckt oder gekuschelt gët. Och hei iessen mir zesummen am Grupp an der Mëttesstonn. Fir d’Sieste nom Iessen steet eis hei um nämlechten Stack och en festen Schloofraum zur Verfügung.

IMG_5282.JPG
McniG8EmS+aOB4vZDB7DpA.jpg

Grupp 3:

Bei de Kiewerleken (25–36 Méint)
Plaatzen: 10

Dëse Grupp befënnt sech um Rez- de- chaussée mat direktem Zougang zum Buedzëmmer an zur Terasse mat dem groussen Gaart. Bal direkt nierwendrun hun mir eng kannergerecht Kichen zur Verfügung fir kreativ Kach- an Baakaktivitéiten. De Grupperaum as an verschidden Beraïcher opgedeelt wéi zb en Kuscheleck, e Kicheneck, e Poppeneck an en gréisseren Eck fir d’Fraïspill. Des weideren besteet emmer d’Méiglechkeet bei schlechtem Wieder am groussen Gank ze spillen. Fir all Molzecht ësst dësen Grupp zesummen an der Kichen oder am Grupp wat eng familiär Atmosphär ausmëcht.

Fir d’Mëttesrascht steet de Kanner um 1ten Stack e Schloofraum zur Verfügung. 

 

 

Grupp 4:

An der Blummewiss ( 36–48 Méint)
Plaatzen: 8

De Précoce Grupp as um Rez-de–chaussé ënnerbruet mat direktem Zougang zum Buedzëmmer an zur Terasse mat groussem Gaart. Hei gin d’Kanner spilleresch op d’Schoul virbereed durch Aktivitéiten déi si fuerderen am motoreschen, sensoreschen an kognitivem Beraïch, mee wou d’Fraïspill awer trotzdem ëmmer e wichtegen Bestanddeel vun eisem Alldaag bleift. Mee och d’Kanner an dësem Grupp kënnen nom Iessen op d’Mëttessrascht goen wann et néideg as. Kanner déi nët méi schlofen gin, spillen an der Zait dann am Nopeschgrupp. Dëse Grupp hällt sech vill an der frëscher Loft op. Dobaussen spillen, spazéiren goen, Bëschaktivitéiten, an eisem Gaart buddelen a planzen, eis Klengdéieren versuergen an fidderen. Dobei léieren d’Kanner an der Grupp Verantwortung ze iwerhuelen an sozial gestärkt ze gin op hirem Wee an Zukunft.

ChQl2S43RaOpUbxG896epg.jpg
Eisen Daagesooflaaf

 

 

  • Moies um 6h30 Auer mecht Crèche hir Diiren op. Mir spillen zesummen am Sall vun den Kiewerleken (Grupp 3) bis um 8/8.30 wou mir eis opdeelen fir an eisen Gruppenraum.

  • Um 9 Auer gët an all Grupp zesummen Kaffi gedronk fir den Daag mat gudder Energie ze starten! Dofir wëllen mir tëschent 9h an 9h45 Auer och net gestéiert gin.

  • Nom Besuch am Buedzëmmer sen mir um 10 Auer dann prett fir eis Aktivitéiten, Ausfliich oder Fraïspill ze starten.

  • Ab 11.30 bis 12 Auer kënnen mir oofgeholl gin oder bleiwen nach weider an der Crèche fir d’Mëttegiessen.

  • Um 12 Auer iessen mir an eisem Grupp zu Mëtteg an man eis dono prett fir op d’Sieste. Déi Kanner wou nët méi schloofen gin, kënnen am Grupp 3 weiderspillen. Mir wëllen och hei vun 12 Auer bis 13.30 nët gestéiert gin, daat am Sënn vun de Kanner fir e rouegen Ooflaaf ze garantéiren.

  • Tëscht 13.30 an 14 Auer kënnen mir oofgeholl gin an fir 14 Auer kënnen d’Kanner vun mëttes kommen déi bis owes ageschriwen sen.

  • Bis 15 Auer beschäftegen mir eis mat enger roueger Aktivitéit wéi molen, puzzlen oder e Gesellschaftsspill bis eis Frënn um 15h vun der Sieste kommen.

  • Dono starten mir bis 16 Auer nach eng nei Aktivitéit, gin raus spillen, spazéiren, bastelen, emmer daat waat je no Zaït a Saison grad um Programm steet.

  • Um 16 Auer iessen mir zesummen an eisem Grupp Uebst, e Kichelchen, e Joghurt.., gin dann nach emol an Buedzëmmer fir op Toilette , eng frësch Pampers an eis Hänn ze wäschen fir dono nach bessi ze spillen.

  • Ab 17 Auer kommen mir je no Kannerunzuel zesummen fir fraï ze spillen a waarden drop bis d’Mama oder de Papa eis sichen kommen!

  • Um 19 Auer mëcht Crèche hir Diiren zou.

Wat bidden mir un?

 

 

Dem Kand seng éischt Liewensjoeren sen geprägt vun Entwëcklung , der Entdeckung vun sengen Sënner an sengen Kompetenzen.

All dës natirlech Fähegkeeten probéieren mir durch ganz verschidden, altersgerecht Aktivitéiten ze fuerderen, woubai mir ni vergiessen wëllen dass d’Kanner grad am gemeinsamen Fraïspill hir Perséinlechkeet an hir Kompetenzen entwëckelen.

Mir bidden dofir e gereegelten Daagesooflaaf un mat kloeren Regelen wat de Kanner Secherheet an eng Routine am Alldaag get. Trotzdem sollen d’Kanner „Kanner“ bleiwen an grouss gin durch spillen, entdecken, Spaass a Freed hun mee och d’Erfahrung man un hir Grenzen ze stoussen!

 

Fir d’Kanner an hirer Entwecklung ze begleeden, bidden mir dofir eng ganz Reih verschidden Aktivitéiten un wéi z.b. :

 

  • Bastelen, molen, pechen, klecksen..

  • Gaardenaktivitéiten

  • Musikalesch Aktivitéiten

  • Dobaussen buddelen, matschen an Bobby Car fueren..

  • Pädagogesch Bëschaktivitéiten an Bëschdaag

  • Eis Klengdéieren versuergen, fidderen & verwinnen

  • Baaken a kachen

  • Wöchentlech Visite vun eisem Besuchshond, dem Dackel "Olli"

  • Verschidden regelméisseg Ausflich ( Oofwiesselnd tëschend Pädagogeschem Ieselshaff, dem "Alschenter Ponyhaff", schwammen goen, Migo, Airtramp, asw)

9FnzHL40T%m6iTinTGTHOA.jpg
„Kinder haben ein Recht auf den heutigen Tag.
Er soll heiter sein, kindlich, sorglos.“
 
(Janusz Korczak)

 

Eis Werter an Zieler

 

Bei eis an der Crèche gin folgend Werter an Zieler grouss geschriwen:

 

  • De Kanner Secherheet bidden

  • All Kand gët glaichbehandelt

  • Respektvollen Emgang mat all Kand an Wertschätzung vun sengen individuellen Bedürfnisser

  • Eng dem Kand u saïn Rhythmus ugepassten Agewinnungsphase

  • Hygiène

  • Gesond a frësch Moolzechten

  • E rouege Kader an de Schloofzaiten

  • Eng häerzlech an oppen Zesummenaarbecht mat den Elteren

  • Wuelbefannen vum Kand a sengen Elteren bei eis an der Crèche

  • Familiär Atmosphär

 

adba6424-f4b4-4d1b-a3d6-9bd5318a97ed.jpeg
„Kinder sollen mehr spielen, als viele Kinder es heutzutage tun. Denn wenn man genügend spielt, solange man klein ist, dann trägt man Schätze mit sich herum, aus denen man später sein ganzes Leben lang schöpfen kann!“
Astrid Lindgren

 

bottom of page