top of page
EC701FB9-344F-4368-AD4D-FE0AA9F3440F.jpg
IWWERT EIS

Iwwert eis

Eis Crèche «Am Holzhaus» ass eng Plaatz wou d'Wuelbefannen vum Kand op éischter Plaatz steet. Mir betreien all Kand am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer an engem gemittlechen a familiären Kader an et läit eis um Häerz eis Elteren an den Alldag mat an ze bezéien.

Mir sinn d'ganz Joer vun Méindes bis Freides, vun 6h30–19h op 
(ausser d'Feierdeeg).Bei eis kënnen d'Kanner spillen a grouss ginn a véier groussen an hellen Gruppenraim, déi ganz op hir Bedürfnisser an déi verschidden Altersklassen ageriicht sinn. Mir hunn e groussen Gaart fir ze spillen an ze entdecken, an eis Kanéngercher freeën sech all Dag op de Besuch vun de Kanner.

 

Mir kréien all Dag frësch an oofwiesslungsräich vum Restaurant "A Robbesscheier" gekacht, och fir eis allerklengst. De Biobus versuergt eis all Woch mat frëschem Uebst, Mëllech an Biojoghurt.

3x d'Woch liwert eng kleng Bäckerei eis frëscht Brout, Bréidecher a Croissanten!

 

Eis Crèche entsprécht den aktuellen Sécherheetsnormen vun der ITM an mir hunn den Agrément vum Familljeministère. Mir schaffen mat den Chèque-Servicen an mat der Gratis Betreiung vun 20h / Woch. 

20201028_104508.jpg

 

 

Aktivitéiten

Mir proposéieren all Dag flott an pedagogesch Aktivitéiten wéi z.B.: 

› molen a bastelen
› Musik
› Fraïspill 
› spadséieren goen
› eis Klengdéiere versuergen
› kachen a baken
 
› Gesellschaftsspiller
› Bicher kucken
› spillen a buddelen an eisem groussen Gaart
› Relaxatioun
› Ausflich (schwammen, Airtramp, Ponyhaff..)
› Wöchentlech Visite vun eisem Besuchshond  dem "Olli"
asw
IMG_2842.jpeg
ASCHREIWUNG

Aschreiwen

Mir bidden Iech verschidden Aschreiwungsméiglechkeeten un:

 

Ganzdags 6h30–19h 

oder verschidden Plagen:

6h30–12h   
12–14h (mat Mëttegiessen)  
14–19h 
Ab dem 1ten Geburtsdaag huet all Kand 20Gratis Stonnen pro Woch zugudd!

 

D'Kand muss minimum 20 Stonnen pro Woch ageschriwen gin an minimum 2x pro Woch d'Crèche besichen fir eng optimal Bindung tëschent dem Kand a sengem Betreier ze entweckelen. Déi verschidden Aschreiwungs Plagen kënnen natierlech och madeneen kombinéiert ginn, wéi zb vun 6h30-14h oder 11h30-19h.

IMG_4357.jpeg
EQUIPE

Equipe

bh.jpg
Berni Hallé

chargée de direction

 

  • éducatrice diplômée

  • Cooldown Trainerin

  • Reittherapeutin

  • Naturpädagogin

  • 40St / Woch

Anna.jpg
Anna Pankert

éducatrice diplômée

  • 30St / Woch

Jana.JPG
Jana Dhur

éducatrice diplômée

  • 40St / Woch

Susanne.jpg
Susana Molina Y Pineda

assistante parentale

  • 25St / Woch

Camellia.jpg
Camellia Benker

éducatrice graduée

  • 40St / Woch

Anni.jpg
Angélique Lemaire 

chargée adjointe

 

  • éducatrice diplômée

  • Cooldown Trainerin

  • Naturpädagogin

  • 40St / Woch

Laura.JPG
Laura Zorzi

Auxiliaire de vie

​​

  • 40St / Woch

Tiffy.JPG
Tiffany Peters 

éducatrice diplômée

  • 25St / Woch

Vera S..JPG
Vera Sironval

aide-éducatrice

  • 25St / Woch & Remplaçante

Liv.JPG
Liv Keller

éducatrice diplômée

  • 40St / Woch

Marguy.jpeg
Marguy Becker

aide-éducatrice

  • 25St / Woch

Elisa.JPG
Elisa Brüls

éducatrice diplômée

  • 40St / Woch

Vera C.JPG
Vera Couturier

puéricultrice

  • 25St / Woch & Remplaçante

Sabrina_edited_edited.jpg
Sabrina Frank

auxiliaire de vie

  • 25St / Woch

Liliana.jpeg
Liliana Oliveira

femme de charge

  • 24St / Woch

Sabrina L..jpeg
Sabrina Linden

femme de charge

  • 12,5 St / Woch

IMG_2858.jpeg

Kontaktéiert eis

Fir all weider Infos, Froen oder eng Aschreiwung:

rufft eis un oder schreift eis! Mir freeën eis Iech d'Crèche ze weisen an eis Aarbecht ze erklären

 

Crèche Am Holzhaus
6, Schoulbierg, 9767 Pintsch

 

Tel: 26 90 36 86
GSM: 691 444 106

creche@amholzhaus.lu

 

KONTAKT
bottom of page