

Iwwert eis
Eis Crèche «Am Holzhaus» ass eng Plaatz wou d'Wuelbefannen vum Kand op éischter Plaatz steet. Mir betreien all Kand am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer an engem gemittlechen a familiären Kader an et läit eis um Häerz eis Elteren an den Alldag mat an ze bezéien.
—
Mir sinn d'ganz Joer vun Méindes bis Freides, vun 6h30–19h op
(ausser d'Feierdeeg).Bei eis kënnen d'Kanner spillen a grouss ginn a véier groussen an hellen Gruppenraim, déi ganz op hir Bedürfnisser an déi verschidden Altersklassen ageriicht sinn. Mir hunn e groussen Gaart fir ze spillen an ze entdecken, an eis Kanéngercher freeën sech all Dag op de Besuch vun de Kanner.
Mir kréien all Dag frësch an oofwiesslungsräich vum Restaurant "A Robbesscheier" gekacht, och fir eis allerklengst. De Biobus versuergt eis all Woch mat frëschem Uebst, Mëllech an Biojoghurt.
3x d'Woch liwert eng kleng Bäckerei eis frëscht Brout, Bréidecher a Croissanten!
Eis Crèche entsprécht den aktuellen Sécherheetsnormen vun der ITM an mir hunn den Agrément vum Familljeministère. Mir schaffen mat den Chèque-Servicen an mat der Gratis Betreiung vun 20h / Woch.

Aktivitéiten
Mir proposéieren all Dag flott an pedagogesch Aktivitéiten wéi z.B.:
› molen a bastelen
› Musik
› Fraïspill
› spadséieren goen
› eis Klengdéiere versuergen
› kachen a baken
› Gesellschaftsspiller
› Bicher kucken
› spillen a buddelen an eisem groussen Gaart
› Relaxatioun
› Ausflich (schwammen, Airtramp, Ponyhaff..)
› Wöchentlech Visite vun eisem Besuchshond dem "Olli"
›asw


Aschreiwen
Mir bidden Iech verschidden Aschreiwungsméiglechkeeten un:
Ganzdags 6h30–19h
oder verschidden Plagen:
6h30–12h
12–14h (mat Mëttegiessen)
14–19h
Ab dem 1ten Geburtsdaag huet all Kand 20Gratis Stonnen pro Woch zugudd!
D'Kand muss minimum 20 Stonnen pro Woch ageschriwen gin an minimum 2x pro Woch d'Crèche besichen fir eng optimal Bindung tëschent dem Kand a sengem Betreier ze entweckelen. Déi verschidden Aschreiwungs Plagen kënnen natierlech och madeneen kombinéiert ginn, wéi zb vun 6h30-14h oder 11h30-19h.

Elisa Brüls
éducatrice diplômée
-
40h/Woch
Equipe

Berni Hallé
chargée de direction
-
éducatrice diplômée
-
Cooldown Trainerin
-
Reittherapeutin
-
40h/Woch

Angélique Lemaire
chargée adjointe
-
éducatrice diplômée
-
Cooldown Trainerin
-
40h/Woch

Laura Zorzi
Auxiliaire de vie
-
40h/Woch

Anna Pankert
éducatrice diplômée
-
30h/Woch

Tiffany Peters
éducatrice diplômée
-
25h/Woch

Elisa Brüls
éducatrice diplômée
-
40h/Woch

Jana Dhur
éducatrice diplômée
-
40h/Woch

Vera Sironval
aide-éducatrice
-
25h/Woch & Remplaçante

Vera Couturier
puéricultrice
-
25h/Woch & Remplaçante

Susana Molina Y Pineda
assistante parentale
-
25h/Woch

Camellia Benker
éducat.graduée en format.
-
32h/Woch

Liv Keller
éducatrice diplômée
-
40h/Woch

Marguy Becker
aide-éducatrice
-
25h/Woch

Noemie Bretz
auxiliaire de vie
-
25h/Woch

Liliana Oliveira
femme de charge
-
24h/Woch

Kontaktéiert eis
Fir all weider Infos, Froen oder eng Aschreiwung:
rufft eis un oder schreift eis! Mir freeën eis Iech d'Crèche ze weisen an eis Aarbecht ze erklären
Crèche Am Holzhaus
6, Schoulbierg, 9767 Pintsch
Tel: 26 903 686
GSM: 691 444 106
Fax: 26904931